SPROOCH‘N TOUR

RÉALISATION 2022

LIEU Luxembourg

MAÎTRE D’OUVRAGE Ministère de l’éducation nationale, de l’enfance et de la jeunesse / ZLS Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

CONTEXTE Concours d’idées pour une exposition itinérante sur le multilinguisme au Luxembourg

Sou schwätzt, schnësst, quatscht, potert, traatscht, babbelt, ënnerhält sech Lëtzebuerg.

Lëtzebuergesch ass e Puzzel, e Collage. Wat fir eng Roll spillt des Sprooch an der Kommunikatioun am Alldag, wéi huet se sech entwéckelt a beräichert, oder ass se amgaangen tëschent de globalen Ausdrocksweise verluer ze goen? 

Des Ausstellung ass en Tour duerch ons Sproochelandschaft a seng faarweg an assuméiert Diversitéit.Dëst soll sech och am Ausstellungsdesign an a senge Formen am Raum ausdrécken. De Raum ass d’Bün op der d’Sprooch gefeiert soll ginn.

  • D’Form-an d’Faarfcoden orientéieren sech un den aktuellen Trenden a kucke vun der Jugendkultur of. D’Faarwegkeet soll den ‘Happening’ Charakter ënnersträichen.

    Mat reduzéiertem a modulärem Material, wat sech villfälteg asetze léist, kann sech d’Ausstellungsarchitektur flexibel u verschidde Raumsituatiounen upassen, sech verklengeren oder vergréisseren.

    D’Baumaterial vun der Expo ass Fläch fir drop ze affichéieren a Struktur zugläich. D’Ausstellungsmëttel, op analog oder digital, gi fräi drop verdeelt; Technik a Connectioune bleiwe siichtbar. Doduerch kritt all Editioun vun der Wanderausstellung hiren eegene Charakter.

    D’Basismaterial mat senger Rasterstruktur ass stabil, liicht an transparent. Eng einfach an awer ästheetesch uspriechend Matière déi vill Zorten a Forme vu festmaachen, verbannen, uspéngelen, drunhänken, droppechen, eraschieben, openeen tässelen an zesummesetzen erméiglecht.

    Esou dréit d’Material net nëmme physesch déi verschidde Sujete vun der Ausstellung, mee steet och a senger spillerescher Zesummesetzung als Sënnbild vum Thema selwer.

    ETAT Concours / non réalisé

    TYPE Exposition / Scénographie

    ILLUSTRATIONS NJOY

    PARTENAIRE(S) Monogram (Miriam Rosner)

    TEAM Nathalie Jacoby / Pit Lucas

    COPYRIGHT NJOY

Précédent
Précédent

BIJOUX D’ARTISTES

Suivant
Suivant

Casino Display